RaRo

RaRo ass d’Ofkierzung vu Ranger a Rover, dat si jonk Erwuessener, tëscht 17 an 23 Joer.

D’Versammlunge sinn all Samschdeg vun 18h00 bis 20h00.

D’RaRo gi geleet vum Ciarán an Thierry.
Kontakt ophuelen


 

 

D’Route ass déi iewescht Branche vun eisem Trupp. Domat sinn hir Ziler déi selwecht, ewéi déi vum ganzen Trupp. Mee, eleng duerch den Alter, ergi sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen. D’RaRo sinn an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen.

Zum Erwuesse-sinn gehéieren eng Rei perséinlech Charakteristiken a Fäegkeeten, ewéi zum Beispill d’Realitéit erkennen, eng eege Meenung hunn, Verflichtungen akzeptéieren an awer och a Situatiounen flexibel reagéieren.

Zum Engagéiert-sinn gehéiert: a bewosster Bezéiung zu senger sozialer an natierlecher Ëmwelt liewen; sech ausenaner setze mat de Wäerter an Idealer vun eiser Gesellschaft, Wäertënnerscheeder gesinn, eng Verantwortung an eng Roll iwwerhuele fir eng bestëmmte Gemeinschaft e Stéck virun ze bréngen.