Leedung vum Trupp
Den Trupp gëtt vun de Gruppecheffe geleet.
Hir Aufgab ass d’Organisatioun an d’Koordinatioun vum ganzen Trupp a si sinn d’Uspriechpartner fir sämtlech Interaktioun vun a mam Troupe St. Willibrord Iechternach.
Eis Gruppecheffe sinn:
d’Claude Zeimetz forméiert Gruppen- an AvExcheftaine |
den Andy Borrelli forméierte Gruppen- a CaraPiochef |
Leedung vun de Branchen
All eis Branche gi vu forméierte Chef/taine benevole geleet.
Nieft de reegelméissege Versammlunge gehéieren och weider Chargen ewéi d’Organisatiounen a Leedung vu Sortien, Weekender an net ze vergiessen de Summercamp zu hiren Aufgaben.
Weider Informatiounen iwwert d’Branchen an hir Uspriechpartner fënns du hei.