Geschicht

1921 bis Haut

D’Geschicht vun eisem Trupp geet bis op de Juli 1921 zréck.

Ewéi sech e puer jonk Handwierker an Aarbechter zesumme gedoen hu, konnt déi éischt Boy-Scouts Sektioun zu Iechternach gegrënnt ginn.

Ënnert der Leedung vum Här Paschtouer Daubach als Aumônier, an dem Här Bern Kieffer als éischte Scoutschef, huet den Trupp mat 20 Memberen ugefaang. Scho kuerz duerno, huet den nach jonken Trupp am August 1921 säin alleréischte Summercamp organiséiert.

Zéng Joer méi spéit, ass dat éischt Lokal vum Veräin am August 1931 feierlech ageweit ginn. Dëst Blockhaus tëscht Iechternach an der Weilerbaach war dofir bekannt dat schéinst an der Ëmgéigend ze sinn.

d’Blockhaus bei der Weilerbaach

Den Trupp sollt d’Haus awer net laang notzen. Well schonn 1940 huet den Amtsbürgermeister Christian Stock während der däitscher Besatzung d’Blockhaus ofbauen an oftransportéiere gelooss. No der Evakuatioun konnt den Trupp nëmme schwéier nees opgebaut ginn. Als Lokal goufen eng sëlleche Plaze benotzt, mä un en neit Blockhaus war deen Ament net ze denken.

Am November 1945 huet d’Troupe St. Willibrord seng alleréischt Troupenzeitungen erausbruecht. Et goufen 150 Exemplären gedréckt an dovunner sinn 50 Stéck an der Librairie Burg verkaf ginn.

1952 hu sech eng Partie eemoleg Scouten zu enger „Amicale des Anciens Scouts L.S.“ ënnert dem Numm „Déi al Trapper“ zesummegedoe mam Zil genuch Suen zesummenzekréien fir dem Trupp en neit Lokal z’erméiglechen.

1957 sinn d’Scouten am Veräinshaus an der Jofferegaass ënner Daach komm.

Camp 1957 zu Lellingen

1966 sollt et endlech esou wäit sinn. Op Initiative vum deemolege President, dem Här Jérome de Jong an dem Här Kaplan Waldbillig, krut d’Troupe St. Willibrord hire Chalet.

De fréieren CFL-Schapp vum Beforter Charly a Jangly war am Gespréich. Fir dëse Projet ze realiséieren, gouf de „Comité Protecteur de la Troupe St. Willibrord“ gegrënnt.

Aweiung vum Chalet De Jong – Beefort 1968

1978 huet d’Troupe St. Willibrord zesumme mat der Protection Civile en ale Brauch zu Iechternach nees opliewe gelooss: Dat éischt Buergbrennen ass organiséiert ginn!

Esou goufen et iwwert déi ganz Joeren eng ganz Rei flott Aktivitéiten, wéi national an international Campen, Fester an Theater-Opféierungen.

Summercamp 1988 Bordeaux

1989 engagéiert sech den Trupp fir den Entwécklungsprojet MBORO am Senegal z’ënnerstëtzen. Vun Iechternach gi 5 Cheffe mat, fir déi aner 122 aus dem Land am Senegal z’ënnerstëtzen a mat eegenen Hänn Opbauhëllef ze leeschten.

Enn Juli 1991 sinn déi éischte Kéier eng 11 Explorer a Cheffen op de bekannte Jamborette-Camp, en internationale Summercamp an der Géigend vun Haarlem (NL), gefuer.

1992 ass den Trupp an Trauer. Den Här Phillipe Buijs (Animateur spirituell an Pio-Chef) huet eis fir ëmmer verlooss.

Den 5. Juli 1992 war de grousse Wëllefchersrallye zu Iechternach, op deem 1200 Kanner deel geholl hunn.

Nationale Wëllefchersrallye Iechternach 1992

1996 konnt den Troupe St.Willibrord ënnert der Leedung vum Gillen Carlo seng 75 Joer feieren. De Veräin huet eng Ausstellung am Hihof, eng Porte Ouverte an e Rallye ëm den Iechternacher Séi organiséiert, fir dëst Evenement ze feieren.

2005 ass dei éischt Buerg op der Fëscherinsel um Séi gebrannt ginn.

2005 war och d’Joer vun de Biber! Opgrond vun der grousser Nofro hunn d’Simone Modert a d’Josée Schilling dës Branche an d’Liewe geruff, esou dat den Trupp zanterhier Kanner vum zweete Cycle un encadréieren kann. Déi nei Branche huet natierlech en Ënnerdaach gebraucht! No laangem hin an hier sollten d’Biber dunn 2006 am frësch renovéierte Grommeshaus um Iechternacher Séi hiert Lokal kréien.

2007 huet d’Troupe St. Willibrord zesumme mat den Escher Juppen, de Kiemer, den Äischner a de Stengeforter Truppen e grousse Camp am legendäre Gilwell Park ëm Chingford bei London organiséiert ginn. Eng 75 Jongen a Meedercher konnten do net wäit vum B.P. sengem „White House“ hier Zelter opschloen.

2011 intresséiert sech d’Press fir eist Vizfest mat Hobbymoart.
Hei de klenge Reportage.

2015 sinn d’AvEx an d’CaraPio zesummen ob de JuJuCa gefuer, deen vun den Escher Juppen zu Kandersteg (KISC) organiséiert gouf.
Den Trupp huet aktiv um éischte Jugendkommunalplang matgeschafft.

2017 war de ganzen Trupp mat all de Branchen e klengen Deel vum groussen, internationale GoUrban Camp wou eng ronn 3500 Guiden a Scouten aus der ganzer Welt de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.

HAUT op dëser Plaz wëlle mir all deenen Leit e groussen M.E.R.C.I. soen, déi eisen Trupp gegrënnt, ënnerstëtzt a mat Äifer erhalen hunn.