AvEx ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat si Jonker; Meedercher a Jongen, tëscht 11 a 14 Joer.
D’Versammlunge sinn all Samsdeg vu 14h00 bis 16h00.
D’AvEx gi betreit vum Thierry, Ciarán a Sandra.
Kontakt ophuelen
D’AvEx treffe sech reegelméisseg, 1 Mol an der Woch fir eng Versammlung. Si maachen Expeditiounen, déi iwwer e puer Versammlungen daueren, ewéi z.B. mam Thema: Natur, Ritter, …
D’AvEx maachen 2-3 Mol am Joer ee Weekend an engem Chalet, meeschtens als Ofschloss vun enger Expeditioun. Déi Jonk schléissen hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem grousse Camp of, wou si dann an Zelter schlofen, dëst entweder zu Lëtzebuerg oder am Ausland.