Dateschutz

Op dëser Säit fannt Dir d’Dateschutzerklärung vun dëser Internetsäit op Lëtzebuergesch.

Wie mir sinn

Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Troupe Saint Willibrord
10A, rte de Wasserbillig
L-6490 Echternach

Eis Internetsäit ass ënner folgender Adress ze fannen: www.lgs-echternach.org

Am weidere Verlaf gëtt d'“Troupe Saint Willibrord“ mat Wieder wéi „mir“, „eis“, asw. bezeechent.

Wéi eng persounebezunn Date mir sammelen a firwat mir dat maachen

Eis Internetsäit sammelt a späichert standardméisseg keng Date vu Benotzer.

Daten déi aus Eegeninitiativ (z.B. iwwer de Kontaktformular) un eise Server geschéckt ginn, ginn do esou laang gespäichert, wéi et néideg ass fir déi eventuell Ufroen ze beäntwerten. Spéitstens gi si awer géint Schluss vum aktuelle Joer kollektiv geläscht.

Op kee Fall wäerte mir déi gesammelt Date fir Marketing-Zwecker benotzen oder un drëtter weiderverkafen! D’Sécherheet vun der Privatsphär vun de Benotzer vun eisem Site ass eis ganz wichteg.

D’Plugins déi mir op eiser Internetsäit benotzen, kënnen ënner Ëmstänn persounebezunn Date sammelen, déi op eisem Server gespäichert kënne ginn. Hei eng Oplëschtung vun de Plugins, mat engem Link fir d’Detailer iwwer dëse Plugin nozeliesen.

  • Widget for Social Page Feeds (https://de.wordpress.org/plugins/facebook-pagelike-widget/)
  • WP Maintenance Mode & Coming Soon (https://de.wordpress.org/plugins/wp-maintenance-mode/)
  • Classic Editor (https://de.wordpress.org/plugins/classic-editor/)
  • NextGEN Gallery (https://de.wordpress.org/plugins/nextgen-gallery/)
  • Kali Forms – WordPress Forms Made Easy (https://de.wordpress.org/plugins/kali-forms/)
  • Easy Social Feed (https://de.wordpress.org/plugins/easy-facebook-likebox/)

D’Plugins dierfen awer keng Date fir sech selwer sammelen, hei de betreffenden Auszuch op Englesch vun den „Detailed Plugin Guidelines“ vu WordPress (nozeliesen ënner: https://developer.wordpress.org/plugins/wordpress-org/detailed-plugin-guidelines/#7-plugins-may-not-track-users-without-their-consent)

In the interest of protecting user privacy, plugins may not contact external servers without explicitand authorized consent. This is commonly done via an ‘opt in’ method, requiring registration with a service or a checkbox within the plugin settings. Documentation on how any user data is collected, and used, should be included in the plugin’s readme, preferably with a clearly stated privacy policy.

Some examples of prohibited tracking include:

  • Automated collection of user data without explicit confirmation from the user.
  • Intentionally misleading users into submitting information as a requirement for use of the plugin itself.
  • Offloading assets (including images and scripts) that are unrelated to a service.
  • Undocumented (or poorly documented) use of external data (such as blocklists).
  • Third-party advertisement mechanisms which track usage and/or views.

An exception to this policy is Software as a Service, such as Twitter, an Amazon CDN plugin, or Akismet. By installing, activating, registering, and configuring plugins that utilize those services, consent is granted for those systems.

Kommentaren

Op eisem Site ass et net méiglech, dass Benotzer Kommentare schreiwe kënnen, esou ginn an dësem Beräich och keng Date gespäichert.

Medien

Benotzer vun eisem Site kënne keng Medien oder Dokumenter op de Server eroplueden, esou ginn an dësem Beräich och keng Date gespäichert.

Kontaktformularer

Op eiser Internetsäit ass ee Kontaktformular, mat deem et méiglech ass Noriichten un eis ze schécken. Wann een d’Funktioun vun dësem Formular komplett notze wëll, muss ee folgend Informatiounen uginn: säin Numm a seng E-Mail-Adress. Wann e wëll kann ee fräiwëlleg nach folgend Informatiounen uginn: seng Telefonsnummer, e Betreff a seng Noriicht un eis.

Dës Date ginn automatesch per E-Mail un eis Gruppecheffe geschéckt a mat Hëllef vum Plugin „Flamingo“ op eisem Server gespäichert. Weideres zu dësem Plugin an der Weis wéi mir e benotzen, kann een ënner „Wéi eng persounebezunn Date mir sammelen a firwat mir dat maachen“ noliesen.

Op kee Fall wäerte mir déi gesammelt Date fir Marketing-Zwecker benotzen oder un Drëtter weiderverkafen!

Cookien

Eise Site benotzt keng Cookies. Ënner Ëmstänn kënne Plugins déi mir op eisem Site benotzen Cookien ofspäicheren. Méi Informatiounen dozou fënnt een op de respektiven Internetsäite vun de Plugins, déi ënner „Wéi eng persounebezunn Date mir sammelen a firwat mir dat maachen“ nozeliese sinn.

Agebett Inhalter vun aneren Internetsäiten

A Bäiträg op eisem Site kënnen agebett Inhalter (z.B. Videoen, Biller, Bäiträg,…) vun aneren Internetsäite ze fanne sinn. Esou Inhalter verhalen sech genee esou, wéi wann de Benotzer vun eiser Internetsäit déi aner Säit besicht hätt.

Dës Site kënnen Daten iwwer ee sammelen, Cookië benotzen, zousätzlech Tracking-Déngschter vun Drëtten abetten an d’Interaktioun mat dësem agebetten Inhalt opzeechnen, inklusiv der Interaktioun vum Benotzer vun eisem Site mam agebetten Inhalt, falls een do e Kont huet an op där Internetsäit ugemellt ass.

Analys-Déngschter

Mir benotzen keng esou Déngschter.

Mat wiem mir dem Benotzer seng Daten deelen

Mir gi keng Date weider.

Wéi laang mir persounebezunn Date späicheren

Daten déi aus Eegeninitiativ (z.B. iwwer de Kontaktformular) un eise Server geschéckt ginn, ginn do esou laang gespäichert, wéi et néideg ass fir déi eventuell Ufroen ze beäntwerten. Spéitstens gi si awer géint Schluss vum aktuelle Joer kollektiv geläscht.

Wéi eng Rechter e Benotzer u sengen Daten huet

Doduerch dass just persounebezunn Date gesammelt ginn, wann ee geziilt de Kontaktformular ausfëllt a fortschéckt ass et jiddwerengem seng Verantwortung selwer ze wëssen ob een déi Informatioun iwwer sech wëll un eis weiderginn an deementspriechend seng Verhalensweis unzepassen.

Wouhin d’Daten, fir ze späicheren, geschéckt ginn

Eise Server steet zu Lëtzebuerg an domat an der EU, d.h. dass d’EU Standarde, wat d’Sécherheet vum Server ugeet, gëllen.

Wann een en Dateschutz Uleies huet

An dësem Fall kann een eis eng E-Mail un dateschutz[at]lgs-echternach.org schécken.

Wéi mir d’Date schützen

All Interaktioun mat eisem Site ass duerch en „Hypertext Transfer Protocol Secure“ (HTTPS) verschlësselt.

Dëst kann een un der Internetadress am Browser erkennen, do sollt https://lgs-echternach.org stoen. Wann dat net de Fall sollt sinn, kann een einfach en s hanner den http setzen.